Ënnerstëtzung fir d’Ukrain

Zanter der illegaler russescher Invasioun vun der Ukrain virun 3 Joer huet Lëtzebuerg sech ëmmer nees fir eng friddlech Léisung an d’Ënnerstëtzung vum ukrainesche Vollek agesat. De rezente Coup de téléphone vum Lëtzebuerger Premier Luc Frieden mam demokratesch gewielten ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ënnersträicht nach emol dës Solidaritéit a schwieregen Zäiten. An deem Kontext wéilt ech den zoustännege Minister e puer Froe stellen, fir besser ze verstoe wéi genee Lëtzebuerg seng Ënnerstëtzung fir d’Ukrain an der aktueller Krisesituatioun oprecht erhale wëll.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng konkret Mesuren huet Lëtzebuerg an de leschte Méint geholl, fir d’Ukrain um humanitären, diplomateschen an ekonomesche Plang ze ënnerstëtzen?

  2. Wéi koordinéiert sech Lëtzebuerg an dëse Beräicher mat sengen EU-Partner an der internationaler Gemeinschaft? 

  3. Gëtt et Pläng fir zousätzlech bilateral Kooperatioun tëscht Lëtzebuerg an der Ukrain, z.B. duerch Hëllefsliwwerungen oder Expertenaustausch?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1969

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt