Ënnerschiddlech Waasserpräisser uechtert Gemengen

 100 Gemengen existéieren zu Lëtzebuerg. 100 Gemenge mat 100 verschiddene Gemengereglementer, Steieren, Taxen a Subsiden. Och beim Waasserpräis ass et esou, dass dësen an all Gemeng ënnerschiddlech ass, obwuel um Enn am Krunn bei de Biergerinnen a Bierger dat nämmlecht erauskënnt. Am Koalitiounsaccord huet dës Regierung sech virgeholl, fir de Waasserpräis z’harmoniséieren.

  1. Kann d’Regierung d’Waasserpräisser fir Stéit vun den 100 Gemenge fir d’Joer 2024 oplëschten, opgeschlësselt no Fixkäschten a variabele Käschten?
  2. Kann d’Regierung d’Ofwaasserpräisser fir d’Stéit vun den 100 Gemenge fir d’Joer 2024 oplëschten, opgeschlësselt no Fixkäschten a variabele Käschten?
  3. A wéi enger Gemeng ass de Waasserpräis fir d’Stéit am niddregsten a wou ass en am héchsten?
  4. Huet de Minister Zuelen, wéi vill Investitiounen an d’Waasserinfrastruktur an deene leschten 10 Jore pro Gemeng gemaach goufen?
  5. Wéi vill gratis Drénkwaasserfontainen goufen bis elo installéiert (opgelëscht no Gemeng falls méiglech) a wéi vill sollen an deene nächste Joren opgestallt ginn? 
    Wéi ënnerstëtzt d’Regierung d’Opstelle vun Drénkwaasserfontainen, fir dass den Accès op Drénkwaasser fir jidderee garantéiert ass? 
  6. Ass d’Regierung gewëllt, de Waasserpräis esou ze gestalten, dass eng minimal Quantitéit (zum Beispill déi éischt 50 Liter Waasser pro Dag  / déi éischt 600 Liter pro Mount) fir all Awunner gratis wieren? 

Fro n°1489

CHD

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen