Ënnerscheeder tëscht der Aarbechtslaascht vu Mann a Fra a Covid Zäiten

Laut enger rezenter Statec Etüd, sinn et majoritär Fraen, déi an essentielle Secteuren zu Lëtzebuerg schaffen. Esou sinn zum Beispill 75% vun de Persounen aus dem Santés-Secteur Fraen, a 66% sinn et am Enseignement. Doduerch, dass vill Fraen an essentielle Secteure schaffen, ass d’potenziell Aabrechtslaascht vun de Frae geklommen. Virun allem bei Elteren aus dësem Secteur ass d’Laascht grouss, wann ee bedenkt, dass duerch d’Schoulschléissungen an d’A/B Wochen, d’Kanner méi oft doheem sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Fraen schaffen zu Lëtzebuerg an essentiellen Beruffer (opgelëscht an absoluten Zuelen an no Secteur)?

  2. Sinn Zuele bekannt, wéi vill Prozent vun de weiblechen Aarbechter kënnen am Moment op Homeoffice zréck gräifen? Wéi vill Prozent vun de männlechen Aarbechter kënnen am Moment op den Homeoffice zréck gräifen?

  3. Ass gewosst, wéi vill Persounen aus dem Santéssecteur kéinten am Fall vu Schloulschléissungen op de Congé pour raisons familiales zréck gräifen? Wéi vill Persounen aus dësem Secteur hunn am Februar tatsächlech Congé pour raisons familiales ugefrot?

  4. Denkt d’Regierung, dass d’Aarbechtslaascht um privaten an och um professionellen Niveau fir Fraen duerch d’Covid Kris geklommen ass? Falls jo, wéi gedenkt se deem entgéint ze wierken?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3808

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt