Enn vum BENU

De 15ten November huet d’Associatioun hanner dem Ökoduerf BENU seng Opléisung an d’Weeër geleet. Dee Moment hunn 42 Persoune fir d’Asbl geschafft. An der Äntwert op d’Fro 8371 hunn d’Ëmweltministesch an den Aarbechtsminister erkläert, dass net ka garantéiert ginn, dass aner Initiativen dës Mataarbechter iwwerhuele, falls sech bei BENU déi finanziell Situatioun an den nächste Wochen net verbessert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Regierung dorun intresséiert fir de Projet BENU z’iwwerhuelen?

  2. Wat wäert gemaach ginn, fir d’Mataarbechter z’ënnerstëtzen, déi duerch d’Opléisung elo musse fäerten ouni Job an deelweis och ouni Chômage do ze stoen?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt