D’Piraten hunn dem zoustännege Minister fir den Déiereschutz eng parlamentaresch Fro zu der Duerchféierung vun den Hondsausstellungen zu Lëtzebuerg gestallt.
Am Folgenden fannt der den Text zu eiser Fro:
Nodeems ASBLen, ewéi z.B. Give Us A Voice Lëtzebuerg, wärend Joren Drock gemaacht hunn, huet d’lëscht Joer d’Veterinärsinspektioun der Fédération Cynologique Luxembourgeoise keng Geneemegung méi ginn, fir déi international Hondsausstellung “Dog Expo” zu Lëtzebuerg ze organiséieren. Vereenzelt Aussteller haten op den Hondsausstellunge vun 2017 an 2018 géint Déiereschutzgesetzer verstouss a sinn och wéinst Déierequälerei veruerteelt ginn. D’Fédération Cynologique Luxembourgeoise huet op hirer Website publizéiert a confirméiert, dass si fir 2019 nach keng Autorisatioun krute fir en
g Hondsausstellung ze organiséieren.
An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:
- Kann den Här Minister confirméieren, dass 2019 keng Hondsausstellungen zu Lëtzebuerg wäerten organiséiert ginn?
- Falls et awer zu enger Hondsausstellung sollt kommen, a wat fir engem Ëmfang a mat wéi engem Methode wäerten d’Veterinärsinspektioun, d’Police an d’Douannen dës Hondsausstellung kontrolléieren?
- Wéi gëtt séchergestallt, dass Hondsziichter oder Händler net méi ewéi 2 Hënn op dës Veranstaltung matbréngen? Wäerten heibäi och de Parking an de Terrain vum Ausstellungssite an de Kontrollperimeter abezu ginn?
- Kann den Här Minister confirméieren, dass bei de leschten Hondsausstellungen ëmfangräich Pass – an Chipkontrolle bei allen deelhuelenden Déieren duerchgefouert goufen? Kann de Minister och confirméieren, dass bei de Kontrolle vu Pass an Chip séchergestallt gouf, dass d’Donnéeën am Pass mat den Donnéeë vum Chip iwwerteneestëmmen?
Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député