3 Méint keen Salaire? Eng parlamentaresch Fro iwwert d’Salairë vun den Chargés d’éducation a vun den Chargés de cours

Eng Rei Leit, déi als Chargés d’éducation oder als Chargés de cours schaffen, kruten 3 Méint laang keen Salaire iwwerwisen. Firwat war dat esou?

D’Piraten hunn dem Minister fir Bildung eng parlamentaresch Fro iwwert d’Salairë gestalt, mee kéng zefriddestellend Äntwert kritt. Dofir hunn mir nach eng Kéier nogefrot.

Am Folgende fannt der den Text zu eiser zweeter Fro:

“Eng Rei Persounen, déi als Chargés de cours oder Chargés d’éducation a staatleche Schoulen agestallt sinn, kruten tëscht August an November 2018 wärend e puer Méint kee Salaire – bzw. e Salaire am Centberäich iwwerwisen. Fir ob dëse Mëssstand opmierksam ze maachen an Erklärungen iwwert d’Zustanekomme vun dëse Fäll ze erhalen, hat ech de 14. November 2018 eng parlamentaresch Fro un den Här Bildungsminister gestallt, déi leider net zu menger Zefriddenheet beäntwert gouf. Well et sech bei deem genannten Zäitraum em eng Period handelt, an där en neit Schouljoer ugaangen ass, huet den Här Minister seng Äntwert vollstänneg ob d’Salairë vu Persoune bezunn, déi fir d’Rentrée 2018-2019 nei agestallt goufen, ouni datt meng Fro des Aschränkung enthalen hätt. Datt nei agestallten Persounen am August nach kee Salaire kruten an et Verzögerunge konnt gi bei onkompletten Dossieren erschéngt evident. Mee d’Fro wisou d’Salairë vun anere Chargéë, déi scho laang an hirem Beruff täteg waren, net ausgeschott goufen oder nëmmen e puer Cent ëmfaasst hunn, ass ëmmer nach net beäntwert.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Huet den Ëmstand, datt den Här Minister a senger Äntwert vum 17. Dezember 2018 nëmmen iwwert nei Astellungen schreift, domat ze dinn, datt de Problem mat de Salairen vun de Chargéë dem Minister net a senger Totalitéit bekannt war?
  • Wéi vill Persounen, déi scho virun der Rentrée 2018-2019 als Chargé an enger Schoul täteg waren an deenen hir Kontrakter fir déi lescht Rentrée weider gelaf sinn, kruten tëscht August an November 2018 kee Salaire oder e Salaire ënnert 5 Euro iwwerwisen?
  • Wisou ass et zu dëse Verspéidungen a Fehlbeträg beim ausschëdde vun de Salaire komm?
  • Wéi héich ass de Gesamtmontant u Salairen, déi tëscht August an November 2018 verspéit ausbezuelt goufen?
  • Wéi eng Konsequenze wäerte vu ministerieller Säit gezunn ginn, fir an Zukunft ähnlech Lounausfäll ze vermeiden?

Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député”

QP n°103

Zesummenhang posts

D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun
Wärend der Covid-19-Pandemie huet een erausfonnt, dass ee vill Zäit a Ressourcë ka spueren, andeems ee Reuniounen iwwert Videokonferenz ofhält. Esou goufe wärend der
An der Press gouf bericht, datt den US-amerikaneschen Entreprise SpaceX en Accord mat der indescher Firma vum Milliardär Mukesh Ambani ënnerschriwwen huet, fir de