D’Piraten hunn dem Minister fir Gesondheet eng parlamentaresch Fro iwwert d’Sterilisatioun gestalt.
Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:
Wéi d’Press rapportéiert an eng Rei Fraen op de soziale Medie confirméieren, gëtt et zu Lëtzebuerg e Problem fir Fraen, déi sech fräiwëlleg steriliséiere loosse wëllen. Wann den Agrëff net medezinesch indizéiert ass, ass et – wann een de Bäiträg op de sozialen Netzwierker gleewe ka – souwuel fir Frae mat, wéi och fir Fraen ouni Kanner, schwéier en Dokter ze fannen an dat bal onofhängeg vum Alter. Vill Frae schwätzen hei vun enger Corvée, bei där si vill verschidden Doktere besichen an awer all Kéiers eng negativ Äntwert kréien. Trotzdeem ass et eigentlech etabléiert, datt jidderee soll selwer iwwert seng Method vun der Verhiddung entscheede kënnen, an och, datt jiddereen e Recht drop huet Kanner, mee eben och keng Kanner ze kréien.
An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:
- Wéi vill Sterilisatioune goufen an deene leschten 10 Joer (opgeschlësselt no Joer an duerno ob se medezinesch indizéiert waren oder net) bei Fraen zu Lëtzebuerg duerchgefouert?
- Wéi vill verschidden Dokteren hunn des net medezinesch indizéiert Sterilisatiounen duerchgefouert?
- Wéi verhält sech dat relativ zur Unzuel vun Dokteren, déi insgesamt Sterilisatiounen duerchgefouert hunn?
- Ass de Minister der Meenung, datt hei eng Opklärungscampagne fir d’Stäerkung vun de Rechter vun de betraffene Frae bei den Dokteren néideg wier? Wa jo, wéi kéint déi ausgesinn?
- Wéi ass d’legal Basis op där Dokteren d’Behandlung vun enger Patientin trotz hirem explizitte Wonsch no enger Sterilisatioun verweigere kënnen ?
Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député