Eng futtis Fënster suergt fir Konfusioun

Virun zwou Wochen huet d’Zuchstreck tëscht Esch a Beetebuerg misste gespaart ginn, well eng Fënster vun der Foussgängerbréck iwwert der Schefflenger Gare op d’Gleiser gefall ass.

Souwuel d’CFL, wéi och d’Schëfflenger Gemeng goufe Méint virdrun iwwert déi lasse Fënster informéiert, mee déi Verantwortlech waren sech net eens, wien hei zoustänneg ass a schlussendlech gouf einfach ofgewaart an näischt ënnerholl, wat zu engem Tëschefall gefouert huet, deen hätt kéinte verhënnert ginn.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Wien ass am Fall vun der Schëfflenger Passerell zoustänneg fir den Ënnerhalt, d’Reparaturen an d’Erhale vun der Sécherheet vum Material: d’CFL oder d’Gemeng?
  2. Kann d’Ministesch erklären, ob d’Reegel an alle Gemengen hei am Land déi nämmlecht ass, wat den Entretien vu Passerellen betrefft?

Fro Nummer 1284

CHD

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen