Konsequenze vun den Energiepräisser fir d’Busgesellschaften

A menger parlamentarescher Fro n°2732 hat ech mech ëm d’Zukunft vun de Busser mat Gaasuntrieb beim Minister informéiert. Bis 2030 soll d’Busflott hei am Land emissiounsfräi ginn. Beim Gemengesyndikat vun de Busser am Süden, dem TICE, funktionéieren aktuell awer nach eng grouss Unzuel vu Busser mat Gasuntrieb. Mat den aktuelle Gaspräisser wäerten d’Dreifstoffkäschte vun den Bus-Linnen beim TICE, mee och bei den RGTR-Linnen, dëst Joer wuel nach ee Stéck méi deier ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Mehrausgabe erginn sech beim TICE zur Zäit duerch d’Erhéijung vun den Dreifstoffpräisser?

  2. Wäert den TICE fir dëst Joer méi Budget kréien, fir déi méi héich Dreifstoffkäschte kënnen ze bezuelen?
    Falls jo, wéi wäert een sech d’Käschten tëscht dem Staat an dem Gemengesyndikat opdeelen?

  3. Privat Busfirme mussen hier Recetten an der Reegel selwer opdreiwen. Se kënnen net op de Staatsbudget zeréckgräifen, wéi de Staat.
    Ass am Kader vun de Konzessiounsverträg vum RGTR virgesinn, dass de Bäitrag vum Staat un d’Busfirmen a Funktioun vu méi héijen Energiepräisser kann erhéicht ginn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5929

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen