Energiekonzern RWE

De Moment gëtt an de Medie vill iwwert Lützerath geschwat. Den Energiekonzern RWE baut schonn zënter Joren direkt nieft Lützerath Kuel of. Fir d’Kapazitéite vum Kuelenofbau z’erweideren, soll Uertschaft zu Lützerath elo wechgerappt ginn. D’Leit goufen dowéinst mëttlerweil alleguer ëmgesidelt. Well den Ofbau vu Kuel als klimaschiedlech gëllt, hate Klimaaktivisten d’Duerf besat, fir op dës Aart a Weis ze probéieren, de Projet ze stoppen. 

RWE ass net nëmmen an Däitschland am Secteur vun der Energie aktiv, mee och hei am Land.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A wéi enge Projeten zur Hierstellung vun Energie schafft de Lëtzebuerger Staat mat RWE zesummen?

  2. Setzt de Lëtzebuerger Staat zesumme mat der RWE a Verwaltungsréit vu Gesellschaften? Wa jo, a wéi enge Gesellschaften ass dat de Fall an zënter wéini?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7496

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt