Endlech Vakanz! – Mee nëmme fir Geimpfter?

Wat d’Unzuel u Persounen, déi schonns vun enger Impfung géint de Covid-19 profitéiere konnten, weltwäit klëmmt, wat een och an der Wirtschaft vun ëmmer méi Geschäftsmodeller héiert, déi gezielt op geimpfte Persoune zougeschnidde sinn. 

Rezent war en Ubidder vu Pauschalreesen an de Medien, well en Reklamm domat gemaach huet, Reesen exklusiv fir geimpfte Persounen unzebidden an och ganz Hoteller exklusiv fir Persoune mat Impfschutz ze reservéieren. 

D’Reesagence hat awer ugekënnegt, des Offer eréischt dann unzebidden, wann d’Impfung géint de Covid fir jiddereen zougänglech wäert sinn, an esou probéiert d’Virwërf wéinst Diskriminéierung ofzewieren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Eise Code penal gesäit kloer fir, dass et verbueden ass eng Persoun opgrond vun hirem Gesondheetszoustand ze diskriminéieren.
    Ass d’Regierung der Meenung, dass de Fait, e Bien oder e Service exklusiv geimpfte Persounen zur Verfügung ze stellen, eng Form vun Diskriminéierung duerstellt?
    Wéi begrënnen d’Ministeren hier Aschätzung?

  2. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Zougänglechkeet vum Impfstoff e Krittär ass, dee Geschäftsmodeller, déi eng Ënnerscheedung tëscht geimpften an net geimpfte Persounen treffen, manner (oder souguer guer net) diskriminéierend mëscht?

  3. Wäert d’Regierung et lëtzebuergeschen Hotelieren erlaben, just nach geimpfte Persounen ze ëmfänken?

  4. Wäert d’Regierung et lëtzebuergesche Reesagencen erlaben, Reesen unzebidden, déi exklusiv u geimpfte Persoune verkaf kënne ginn?

QP Nummer 3798

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

Fir eng rezent Etude vum European Monitoring Center for Drugs and Drug Addiction (EMCDDA) goufen Ofwaasseranalysen a Stied a ganz Europa an och ausserhalb
An der Äntwert op meng Fro n°387 huet d’Mobilitéitsministesch informéiert, dass d’CFL am Joer 2035 misste ronn 40% méi Leit astellen, fir d’Ziler vum
Bei engem Nato-Treffen den 3ten Abrëll gouf iwwert d’Schafung vun engem Fong fir d’Ukrain diskutéiert. An dësem Fong sollen 100 Milliarden iwwert déi nächst