Endlech eng anstänneg Versuergung vun de Cannabis Patienten

 Zënter Jore maache mir Piraten op d’Problemer beim System vum medezinesche Cannabis opmierksam. Et koum schonn oft zu Ruptures de stock an de leschte Joren, wou d’Patienten dann hu missten op Ersatzmedikamenter zréckgräifen, well d’Bléien oder den Ueleg entweder net ze kréie waren, oder net verdeelt gi sinn un d’Leit. Am November huet eis dann d’Meldung erreecht, dass elo och d’Qualitéit vun de Bléien ofgeholl huet. D’Patiente beschwéieren sech beim Ministère, mee et geschitt näischt.

An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro heescht et vun der neier Gesondheetsministesch, dass ee Remarke kritt hätt, an dass een déi un de Fournisseur weidergeleet huet. Et huet een dem Fournisseur awer keen Delai gesat, an deem en dës Mängel muss verbesseren an et gëtt och net gesot wat gemaach gëtt, wann de Fournisseur net reagéiert.

Mir Pirate fuerdere weiderhin, dass de System vum medezinesche Cannabis duerch méi Fournisseuren ofgeséchert gëtt, fir esou Penurien a Qualitéitsproblemer aus dem Wee ze goen. Och sollen d’Patiente wéi bei all Medikament kënnen an enger normaler Apdikt Accès zum Cannabis kréien.

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen