FRO.LU: Auxiliaire de Vie

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

De CCT SAS Kollektivvertrag tëscht der COPAS, der Fédération des Acteurs du Secteur Social au Luxembourg, dem Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendstrukturen an dem OGBL a LCGB leet d’Reegele fir d’Salariéen am Santéssekteur fest. Esou muss laut Kollektivvertrag eng Persoun mat engem Diplom als Auxiliaire de vie ënnert enger C3 Karriär agestallt ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persounen, déi eng Ausbildung als Auxiliaire de vie gemaach hunn, sinn nach an der selwechter Karriär wéi d’Aides socio-familiales?

  2. Sinn all d’Detenteure vun engem Diplom als Auxiliaire de vie an enger C3 Karriär? Och déi, déi tëschenzäitlech eng Plaz als Aide socio-familiale ugeholl haten?

Fro n°7191

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7191

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen