En zweeten Etat de crise?

Communiqué

D’Pirate sinn erschreckt iwwert déi haiteg Aussoe vum Premierminister Xavier Bettel, deen en zweeten Etat de Crise net ausschléisse wëll, wann d’Chamber de ministerielle Proposen net innerhalb vu wéinegen Deeg zoustëmme géif.

Virum Hannergrond vun de steigenden Infektiounszuelen, sinn sech d’Pirate bewosst, dass Gesetzestexter, déi zum Zil hunn, d’Populatioun ze schützen, d’Ausbreedung vum Virus ze bremsen an de Gesondheetssystem ze entlaaschte vun enger besonnescher Urgence sinn. D’Ausruffe vun engem Etat de Crise wär an dëser Situatioun awer de falsche Wee, esou de Sven Clement, dee konkret seet:

« Wann de Premier wëll, datt Gesetzer séier gestëmmt ginn, da sollt d’Chamber mat alle Parteien, déi am héijen Haus vertruede sinn, vun Ufank un an d’Ausschaffe vun den neie Gesetzestexter mat agebonne ginn. D’Deputéierte virun e Fait accompli ze setzen an dann och nach mat enger Entmuechtung ze droen, am Fall wou déi vum Minister fixéiert Delaien net agehale kenne ginn, ass an engem demokratesche Rechtsstaat inakzeptabel. »

D’Pirate wëllen ënnersträichen, dass d’Chamber wärend der ganzer Covid-Kris hir Verantwortung iwwerholl huet, an och ënner Zäitdrock an den eenzele Kommissiounen a wärend de Plenièren hiren Aufgaben nokomm ass. Als Representante vun de Bierger hunn d’Deputéierten eng Responsabilitéit vis-à-vis zu de Mënschen an dësem Land an si verflicht déi Gesetzestexter, déi si stëmmen, am Fong analyséiert ze hunn, éier et zu engem Vott kënnt. Am Fall vun enger Urgence ass d’Chamber duerchaus fäeg séier ze reagéieren, ouni dobäi d’Demokratie auszehiewelen. De Chambersbüro an d’Conférence des Présidents, an deenen d’Regierungsparteie majoritär vertruede sinn, kenne Kommissiounssëtzungen a Plenièren och ganz kuerzfristeg nach festleeën, esou dass d’Chamber och an Urgencen handlungsfäeg ass.

D’Chamber op eng reng Stempelmaschinn ze reduzéieren, déi Texter vun der Regierung ouni demokrateschen Debat innerhalb vun engem bestëmmten Delai einfach ofseene soll, schalt den éischte pouvoir am Land faktesch aus – an dat och ouni en Etat de crise auszeruffen. D’Pirate wëllen dofir ervirhiewen, dass si d’Aussoe vum Premierminister vun haut de Muere méi wéi besuergneserreegend fannen. Si sinn erschreckt iwwert d’Ukënnegung vum Premier, den Etat de Crise wëllen auszeruffen, wann d’Chamber de ministerielle Proposen net innerhalb vu wéinegen Deeg zoustëmme géif, an hoffen, dass d’Regierung dës Drohung net benotze wäert, fir den Etat de Crise ze legitiméiere mam Argument, d’Chamberaarbecht wär ze lues, fir den Erausfuerderunge vun dëser Kris gerecht ze ginn. De Problem läit an den Ae vu de Pirate kengesfalls bei der Chamber, mee bei der schlechter Kommunikatiouns säitens der Regierung, déi d’Aarbecht vum Parlament onnéideg verkomplizéiert. 

D’Partei ass sech der Situatioun bewosst an ass prett, wéi an der Vergaangenheet, hire Rôle als konstruktiv Oppositiounspartei weider auszefëllen. « Dat geet awer just am Dialog an net duerch d’Setze vun Ultimaten » , sou de Sven Clement, deen och drop verweist, wéi aner Länner mat der aktueller Krisesituatioun ëmginn:  

« Aner Länner, wéi zum Beispill Portugal, weisen, datt d’Regierung d’Oppositiounsparteien och ka fréizäiteg mat an d’Boot huelen, fir incisive nei Texter auszeschaffen, déi dann am Interêt vu Land a Leit um gréisst méiglechste Konsens tëscht alle Bedeelegte berouen. »

D’Pirate fuerderen de Premierminister dofir op, den aktuellen antidemokrateschen Toun ze ënnerbannen, an d’Parlament an de kommenden Deeg aktiv mat an d’Krisestrategie anzebezéien, fir datt d’Legislativ an d’Exekutiv gemeinsam e Wee duerch déi aktuell Kris ausschaffe kennen. 

Zesummenhang posts

Wir Piraten haben in Petingen über die letzten Jahre eine kritische Position gegenüber dem Einfluss von einzelnen Bauunternehmer eingenommen und mehrfach einzelne Projekte, die
J’ai 27 ans, je suis mère et pédagogue sociale de formation. J’habite depuis plus de 14 ans dans la commune et c‘est avec fierté