En Heliport zu Urspelt?

Wéi et eis zu Ouere komm ass, krut de Luxushotel “Château d’Urspelt”, geleeën zu Ischpelt an der Gemeng Klierf, eng Geneemegung fir en Heliport installéieren a bedreiwen ze kënnen. Ugefrot sinn anscheinend 104 Start/Landungen d’Joër, dat wären dann zwou Beweegungen d’Woch, mee dat ass wuel nach ausbaubar.  Et stellen ech hei allerdéngs eng Rei Problemer: den Hotel, also och den Heliport, leie matten an der Agglomeratioun, tëschent de Wunnhaiser. Ausserdeem an der Flugschneiss vu geschützte Vullenaarten. D’Awunner sinn net frou, eng Biergerinitiativ gouf scho gegrënnt, an d’Autoritéiten (Gemeng, Ministèren) halen sech bedeckt.  De lokale Fierschter huet anscheinend en negativen Avis ofginn an et gouf och eng Etude iwwert de Kaméidi gemaach. Et ginn Haiser, déi net emol 100 Meter vum Heliport ewech sinn, dobäi däerft jo iwwert bewunnte Gebidder guer net esou niddereg geflu ginn. An enger Gemeng, déi sech als “Cittaslow” bezeechent an och dem Klimapakt bäigetrueden ass, missten esou Awänn am Fong Gehéier fannen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Stëmmt et, datt fir de Projet vum Heliport an der Enceinte vum Château d’Urspelt all déi néideg Geneemegungen virleien? Wa jo, wéi ass dat ze justifizéieren? Wann nee, wéi eng stinn nach aus, a firwat? 

  2. Wat ass d’Positioun vum Inneministère wat den Affichage vun der Baugeneemegung ugeet? Muss déi ausgehaang ginn? 

  3. Ass fir dëse Projet net eng Commodo-Incommodo-Autorisatioun erfuederlech? Wa jo, wéi ass et em dës Prozedur bestallt?

  4. Ginn et offiziell Avisen vum Ëmweltministère, vum Inneministère a vum Kulturministère (Sites et monuments) zu dësem Projet?     

  5. Stëmmt et, datt och de Weekend geflu soll ginn?

  6. Stëmmt et, datt d’Demande vun Air Rescue fir eventuell vu Klierf aus ze operéieren ofgeleent gouf a wat sinn dann d’Grënn, fir e private Projet wéi dësen ze geneemegen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6473

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene