en Adapto nach nirgendwo

De 6te Mee gouf et eng Entrevue tëscht dem Ministère des transports an Info-Handicap. An der Entrevue goung et virun allem ëm Problemer ronderëm de Service vum Adapto, deen an der leschte Joren ëmmer nees wéinst enger Rei vun Dysfonctionnementer massiv an der Kritik stoung. Vun Info-Handicap gouf e Sondage ënnert hire Membere gemaach, fir Informatiounen iwwert verschidden Aspekter vum Adapto ze sammelen. 

Ee vun de grousse Problemer ass, dass d’Adresse vum Navigatiounssystem net erkannt ginn. Dës Erfarung hu 40,61% vun den 197 Persounen, déi un dëser Ëmfro deelgeholl hunn, scho misste maachen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Kann d’Ministesch erklären, wéi et méiglech ass, dass et zu souville Fäll komme konnt, wou de Navigatiounssystem d’Adress net kannt huet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 719

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen