Ëmweltmedizin

Am Koalitiounsaccord hunn sech d’Regierungsparteien am Beräich vun der Ëmweltmedezin eng ganz Rei Ziler gesat. Esou soll eng Grond- a Weiderbildung am Beräich vun der Ëmweltmedezin entsoen, eng interministeriell Plattform geschaf ginn, sougenannten “clean rooms” an de Spideeler opgemaach ginn, d’Käschte vun ëmweltmedezinesche Behandlungen an Zukunft vun der Krankekees iwwerholl ginn an déi entspriechend Nomenclature un d’EU ugepasst ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wou sinn d’Aarbechten un der Grondausbildung an der Ëmweltmedezin drun? Wéini wäerten déi éischt Persounen dës Formatioun maache kënnen?

  2. Wéi gesäit et mat der Bereetstellung vu sougenannten “clean rooms” an de Spideeler aus? Wéi vill esou Zëmmere ginn et schonns a wéi vill sollen der nach kommen?

  3. Wéi wäit sinn d’Aarbechten, déi d’Remboursementer an d’Nomenclature am Beräich vun der Ëmweltmedezin betreffen? Ab wéini kann hei mat Remboursementer gerechent ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5566

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt