Ëmweltimpakt vun deposéierte Gesetzesprojeten a -propositiounen

Context:Projet de loi 7740

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • dass elo scho bei all Gesetzesprojet a -propositioun eng Fiche financière soll hannerluecht ginn, fir den Impakt op de Budget ze bestëmmen, an dass den Impakt op d’Ëmwelt net manner wichteg ass;
  • dass en Aviatiouns-Secteur 3,8% vun de gesamten EU-CO2-Emissiounen produzéiert (dovun eleng 13,8% am Transportwiesen) an dëse Montant riskéiert, sech bis 2050 ze verdräifachen, wann d’Politik net reagéiert (Quell: https://ec.europa.eu/clima/policies/transport/aviation_fr);
  • dass am ‘European aviation environmental report’ vun der EASA (European Union Aviation Security Agency) steet, dass : “a high level of scientific understanding of the long term climate effect from aviation CO2 emissions make it a clear and important target for mitigation efforts”, an dass, “climate impacts from non-CO2 emissions (e.g. NOX, particles) cannot be ignored as they represent warming effects that are important in the shorter term, but the level of scientific understanding of the magnitude of the effects is medium to very low.”

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. bei all Gesetzespropositioun, déi de Fluchverkéier betrëfft, eng Fiche d’analyse zum Ëmweltimpakt vun der potentieller Gesetzesännerung bäizefügen.

 

D’Motioun gouf mat 4 zu 56 Stëmmen ofgeleent.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene