Emgang mat Katar

Am Magasinn “Roude Léiw” gëtt d’Presidentin vun Déi Gréng an engem Interview zur Fussball WM am Katar befrot. Esou seet si: “En ce sens, il faudrait, en tant que Fédération mondiale, sans doute repenser ce cahier des charges et y ajouter des critères plus stricts en matière de droits humains, d’écologie, etc.” Qatar Airways huet um Findel méi Fräiheete wéi déi meeschten auslännesch Fluchgesellschaften. Duerch eng Level 5 Loftfräiheet kënnen si Departe vum Findel aus maachen, déi an Drëttstaaten ginn amplaz nëmmen an de Qatar ze fléien.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert Qatar Airways dës Level 5 Fräigab behaalen?

  2. Wäert d’Regierung an Zukunft ee Cahier des charges zu de Mënscherechter an Ëmweltfakteure fir Fluchgesellschaften aféieren?

  3. Wa jo, wäert Qatar Airways kontrolléiert ginn an gegebenfalls dës grouss Fräiheete verléieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6968

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt