Elengerzeihend Mammen an hir Problemer um Wunnmarché

Präisentwécklung, Konditiounen an Accès  si wuel bekannte Problemer  wa mir eis dat lëscht Joerzéngt hei am héijen Haus  mam Thema Logement beschäftegt hunn. 

Dass dës Problemer net all Stot an eiser Gesellschaft  op déi selwecht Manéier treffen,  an et d’Locatairen an d’Monoparentauxen sinn  déi am stäerkste betraff sinn um Wunnengsmaart,  ass och net iwwerraschend. 

Wat éischter wéineg debattéiert an diskutéiert gëtt,  ass, dass dës Problemer  och d’Geschlechter ënnerschiddlech staark treffen. 

An enger rezenter Etude a Publikatioun vum LISER  gëtt kloer duergeluecht,  dass d’Fraen am Verglach a villen Hinsichte mat méi prekäre Situatiounen um Wunnengsmaart konfrontéiert sinn ewéi Männer. Besonnesch elengerzéiend Mammen hunn et ganz schwéier. 

Net nëmmen ass bei hinnen den Effort,  also dat wat ech finanziell muss opbrénge fir de Logement par Rapport zu mengem Akommes, vill méi héich, mee och bei de Konditiounen a Liewensqualitéit  si Fraen oft am Verglach méi staark vu Problemer  wéi wéineg Raum, futtissen Miwwelen a Fuitten an der Wunnecht betraff. 

Zousätzlech gëtt festgestallt, datt Fraen ënnert anerem ee limitéierten Zougang zu Immobiliekreditter hunn, wat hir Méiglechkeete reduzéiert, Proprietär ze ginn,  oder den Zougang zu Locatiounswunnengen, well si am Duerchschnëtt e méi niddrege verfügbaart Akommes hu wéi Männer. 

Wat dës Analyse nach schlëmmer mécht,  ass dass Fraen am Verglach zu Männer och statistesch gesi  vill méi oft vun engem Cumul vu Problemer betraff sinn,  dat heescht méi oft net nëmmen eng vun dësen Erausfuerderunge meeschteren musse. 

Et soll hei net dorëms goen ee Geschlecht géint dat anert auszespillen,  vill Leit hei zu Lëtzebuerg si vu Problemer am Beräich vum Logement betraff.  Awer dës kloer duergeluechten a statistesch bewisen Ongläichheete mussen eis ze denke ginn,  mussen d’Regierung zum Handele beweege  wann hinnen d’Gläichberechtegung um Häerze läit. 

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  • Wat mécht de Fonds de logement an d’SNHBM fir elengerzéiend Fraen an elengstoend Fraen zu enger Wunneng ze verhëllefen?
  • Laut Etüd si Frae méi oft gezwongen a Wunnengen ze liewen, an deenen wéi gesot ze vill Leit op ze engem Raum wunnen an wou méi oft Schied Problemer maachen. Wat mécht d’Politik hei fir dësem Phenomeen entgéint ze wierken?
  • Frae sinn dann och duebel esou oft ewéi Männer an der Situatioun datt se a Wunnenge liewen, wou se futtis oder ofgenotzten Haushaltsgéigestänn a Miwwelen net kënnen duerch neier austauschen. Wat fir Donnéeën huet de Logementsministère an dësem Sënn an och hei wat mécht d’Politik fir op dësem Phenomeen entgéint ze wierken?

Link CHD

Fro n°19

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene