Elektroparkplazen

An engem Parkhaus vun enger Klinik zu Lëtzebuerg ginn et obligatoresch Parkplaze fir Elektroautoen, déi net mat Elektrobornen equipéiert sinn. Dës Parkplaze sinn am Ufank vum Parkhaus ausgezeechent an domat relativ wäit fort vun der Entrée. Hei stellt sech d’Fro, wéi d’Regierung zu Parkplaze steet, wou d’Besëtzer vun Elektroautoen sech mussen histellen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn esou obligatoresch ausgewisen Elektroparkplazen och vum Staat geplangt respektiv scho realiséiert?

  2. Wa jo, wéi verhält et sech am Fall wou eng Persoun mat engem Behënnerteparkausweis an engem Elektroauto op esou engem Parking géing parken ?

  3. Ginn et Grënn, firwat een Elektroautoe sollt un den Agang vun engem Parkhaus verweisen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6425

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt