elektronesche Carnet de vaccination (CVE)

Den elektronesche Carnet de vaccination (CVE) à jour ze halen ass fir den Dokter  oder d’Doktesch am Moment relativ ëmständlech. Den Dokter oder d’Doktesch muss sech dofir ëmständlech aloggen, fir dann déi entspriechend Donnéeë manuell an ze ginn. Et gëtt vu Regierungssäit zënter Joren propagéiert, dass déi administrativ Demarche misste vereinfacht ginn, dëst och am Gesondheetsberäich, fir dass d’Doktere méi Zäit fir hir Patienten hunn. Den CVE informéiert den Assurée och per Noriicht doriwwer, dass eng Impfung fälleg ass. Den Assuréë kritt awer net gesot, ëm wat fir eng Impfung et geet, respektiv am Fall wou et ëm e Kand vun enger Persoun geet, ëm wat fir eent vun de Kanner et sech handelt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat gëtt net mat engem API (Application Programming Interface) geschafft, wou d’Entwéckler vun de Logicielen déi haut well vun Dokteren agesat ginn kéinten automatiséiert ugebonne ginn?

  2. Firwat gëtt den Assuréeën net direkt am Message doriwwer informéiert, ëm wat fir eng Impfung et geet?

  3. Firwat gëtt den Assuréeën net direkt am Message doriwwer informéiert, ëm wat fir eent vu senge Kand et geet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8014

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen