De Commerce gëtt ëmmer méi digital an dat net just am Internet. Vill Geschäfter notze mëttlerweil elektronesch Präisschëlder, dëst betrëfft och Buttiker, déi Liewensmëttel verkafen. Eis gouf zougedroe, dass et doduerch ëmmer méi dacks virkomme géif, dass Geschäfter duerch Kameraen an hir Surface d’Verhale vun de Cliente géif iwwerwaachen an analyséieren. Weise Clienten dann Interessi un engem Produit, géif aus der Distanz de Präiss op den elektronesche Präisschëlder einfach no uewe geännert ginn, soudass d’Clientë vun enger Sekonn op déi aner fir de Produit méi déif mussen an d’Täsch gräifen, deelweis direkt ëm e puer Euro. Dëst Phänomen ass schonn enger ganzer Rei Konsumenten opgefall, déi sech dowéinst bedru villen an sech och scho sollen un de Konsumenteschutzministère gericht hunn. Aktuell gesäit d’Gesetz fir, dass de Präis soulaang dierf geännert ginn, wéi de Konsument ee Produit nach net geholl huet. Ab dem Moment, wou e Konsument de Produit geholl huet mat der Absicht en ze kafen an dem Bezuelen an der Kees dierf de Präis net méi geännert ginn. Am Fall wou ee Commerce sech awer net dorun hält, muss awer de Client beweisen, dass de Präis geännert gouf, wat awer quasi onméiglech ass.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Zënter wéini sinn dem Ministère esou willkürlech Präiserhéijungen a Buttiker mat elektronesche Präisschëlder bekannt?
Gesäit de Ministère hei net d’Geforen, dass Konsumente mat engem méi niddregen Akommes sech an Zukunft vill Produiten net méi kënne leschten?
Goufen am Ministère schonn Iwwerleeunge gefouert, wéi een d’Konsumente besser virun esou verstoppte Präiserhéijunge schütze kann? • Wa jo, wat ass d’Resultat vun dësen Iwwerleeungen? • Wa nee, firwat goufe bis elo nach keng esou Iwwerleeunge gemaach?
Laut dem gesetzleche Kader ass am Moment de Konsument an der Beweispflicht fir d’Präisverännerung ze beweisen. Dëst wär awer nëmme méiglech, wann hie wärend sengem Akaf sämtlech Präisschëlder filmt an direkt zum Produit gräift, fir dass virdrun net nach séier de Präis ka geännert ginn. Dëst stellt an der Realitéit awer keng realistesch Léisung duer. Wat kënne Konsumente maachen, fir sech virun esou willkürleche Präiserhéijungen ze schützen?
Gouf schonn iwwert eng Ännerung vum Gesetz nogeduecht, mat där eng Präisverännerung wärend den Ouvertureszäiten net méi méiglech wier? • Wa jo, wou sinn dës Iwwerleeungen drun? • Wa nee, firwat net?
Eng weider Méiglechkeet wär, dass d’Beweispflicht an Zukunft vum Konsument op de Buttik iwwerdroe gëtt an de Buttik am Fall vun engem Doute muss elektronesch kënne noweisen, dass si de Präis an der Zäitspann tëscht dem Zougräifen duerch de Client an dem Bezuelen an der Kees net geännert hunn. Dës Gesetzesännerung wär relativ einfach a séier ëmsetzbar. Géif de Ministère esou eng Gesetzesännerung a Betruecht zéien? Wa jo, bis wéini kéint dës ëmgesat ginn? Wa nee, firwat net?
QP Nummer 1849