Elektroautoen beim Staat

An der Äntwert op meng parlamentarescher Fro n°2621 hunn d’Ministere mir Zuelen iwwert d’Primm beim Kaf vun engem Elektroauto geliwwert. Viru Kuerzem goufen d’Konditioune vun der Primm elo geännert. Deemno gëtt elo bei der Vergab vun der Primm och de Verbrauch vum Elektroauto gekuckt, deen net méi iwwert 18kWh pro 100 Kilometer dierf léien. Doduerch gëtt verhënnert, dass ee fir déck Elektrosportskarrossen, déi vill ze ressourcëverbrauchend sinn, vun der Primm profitéiere kann.

Elo ass et esou, dass d’Transitioun op d’Elektromobilitéit net nëmme bei de Privatleit soll gefërdert ginn, mee och de Staat mam gudde Beispill virgoe wëll. Wéi d’Ministere mir op meng Fro n°3746 geäntwert hunn, huet de Regierungsrot de Prinzip festgehalen, datt all neien Auto beim Staat ee rengen Elektroauto oder Plug-In-Hybrid muss sinn, ausser an Ausnamen. Wéi d’Ministere weider schreiwen, si vun 2202 Autoen am Fuerpark vum Staat nëmmen 91 reng Elektroautoen (also ronn 4%). Am Fuerpark vun der Regierung selwer befënnt sech aktuell een 100%-Elektroauto.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill vun den Elektroautoe vum Staat hunn ee Verbrauch vu manner wéi 18kWh/100km?

  2. Wéi héich ass de Verbrauch vum eenzegen 100%-Elektroauto aus der Flott vun der Regierung?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4227

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene