Elektresch Gefierer bei der Police

An Däitschland ass rezent annoncéiert ginn, dass et e landeswäite Pilotprojet betreffend dem Asaz vun Elektroautoe bei der däitscher Police gëtt. Heibäi solle wärend engem Joer Vir- an Nodeeler vun den Elektroautoen am Kader vu Policeasätz erschafft ginn. Konkret solle Reechwäit, Luetzäiten, Ufuerderunge bei Asätz an och den noutwennegen Entretien zu alle Joreszäiten Deel vun der Analyse sinn. Dono gëtt dann an engem Bilan iwwert de weideren Asaz vun Elektroautoe bei der däitscher Police decidéiert.
Och zu Lëtzebuerg si säit 5 Joer (Abrëll 2018) Elektroautoen, ënnert anerem vun der Mark Tesla, fir eis Police am Asaz. An enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierte Sven Clement huet den Här François Bausch, deemolege Minister fir bannenzeg Sécherheet, gesot: „D’Police befënnt sech nach an enger Testphase fir ze analyséiere wéi déi elektresch Mobilitéit sech kann an hiert generellt Konzept vun hirem Fuerpark an a hir Missiounen integréieren. Et sief ze rappeléieren dass och aner elektresch Gefierer Deel vun dësem Pilotprojet sinn.“ 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill elektresch Gefierer huet déi national Police aktuell an hirem Fuerpark? 

  2. Wéi huet sech dës Zuel, opgeschlësselt pro Joer, iwwert déi lëscht 5 Joer entwéckelt? 

  3. Ginn et Diskussiounen dëse Fuerpark och an den nächste Joren ze erweideren? Wéi gesinn d’Pläng hei konkret aus?

  4. Ass de vum deemolege Minister fir bannenzeg Sécherheet annoncéierte Pilotprojet ofgeschloss?
    • Falls jo, wat sinn d’Conclusiounen, déi aus dem Projet ervirgaange sinn?
    • Falls nee, wéini gëtt den Asaz vun Elektroautoen an dësem Kader final evaluéiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 470

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene