D’Piratepartei ass houfereg annoncéieren ze kennen, dass d ́Mandy Arendt, Spriecherin vun de jonke Piraten, Spëtzekandidatin zu Colmer-Bierg, den 13. Juni an enger demokratescher Ofstëmmung zu der éischter weiblecher Buergermeeschtesch an der Gemeng Colmer-Bierg gewielt ginn ass.
Mir felicitéieren dem Mandy Arendt häerzlech a sinn iwwerzeegt, dass et e Gewënn fir d ́Gemeng Colmer- Bierg wäert duerstellen.
All weider Informatiounen iwwerloosse mir der Gemeng Colmer-Bierg a wënschen dem Mandy Arendt eng erfollegräich Zesummenaarbecht am nei zesummegestallte Gemengerot, zu deem erfreelecherweis och en zweete Kandidat vun eiser Partei, den Här Yann Pellé, gehéiert.
- June 1, 2026
- 3:11 pm
- Questions parlementaires
Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück