Eis 6 EU-Kandidate fir 2019

D’Piratepartei huet de 15. Dezember 2018 seng 6 Kandidate fir d’EU-Walen 2019 gewielt. Insgesamt stellen sech 2 Fraen a 4 Männer der Verantwortung de Piraten-Programm fir Europa 2019 ze vertrieden.

Hei sinn d’Kandidaten am Iwwerbléck:


Starsky Flor
36 Joer
Useldeng
CFL
Fréiere Gemengeconseiller vu Péiteng


Marie-Paule Dondelinger
50 Joer
Diddeleng
Fonctionnairin an der Pensioun
Houfreg Mamm vun 3 Kanner


Daniel Frères
52 Joer
Réimech
Indépendant
Gemengeconseiller zu Réimech
Grënner a President vu GIVE US A VOICE LËTZEBUERG ASBL


Lucie Kunakova
45 Joër
Gemengenugestallten
Stad Lëtzebuerg


Chris Bernard
36 Joer
Péiteng
Enseignant an der Biologie

Christian Welter
20 Joer
Péiteng
Schüler am LGE zu Esch/Uelzecht
Gemengeconseiller zu Péiteng


Am Walprogramm wäerten d’Piraten hir 10 Prioritéite fir Europa virstellen. D’Theme vum Programm decke folgend Beräicher of:

  1. Pro Europa – D’Pirate setzen sech fir d’Stäerkung vun der EU an
  2. Europa fir jidderee – Mir grenze keen aus, jidderee soll déi selwecht Chancen, Rechter a Méiglechkeeten an Europa hunn
  3. Europa fair & sozial – Grondakommes fir sozial Sécherheet an der EU ofzesécheren, souwéi Ausschaffe vun engem Mindestloun
  4. Europa digital – Digitaliséierung notzen, Opensource stäerken
  5. Demokratesch EU – Parlament stäerken, Direkt-Wal vum President, Matbestëmmung stäerken, Referendum fir EU Bierger erméiglechen
  6. Ëmwelt an Europa fir muer – Klima an Ëmweltschutz; Erneierbar Energien; Ressourcen erhalen; Gesond Liewensmëttel
  7. Déiereschutz stäerke – Fir ee gläichen a qualitativen Déiereschutz an europawäit
  8. Europa am Fridde – Friddenspolitik fir d‘EU an iwwert aner Kontinenten eraus
  9. Staark Ekonomie fir d‘EU – Ziler fir eng gemeinsam Ekonomie an der EU: ëmweltfrëndlech, fair & sozial
  10. Transparenz – Mer si géint zouen Dieren, de Bierger soll Asiicht kréien an d’Entscheedungen, Dokumenter an op Politiker

Hutt där och Iddien fir mat an eise Programm? Da mellt Iech!
D’Piratepartei steet fir oppen Diskussiounen a Matmaachen. Bei Froen oder Ureegungen mellt Iech ënnert [email protected]


Zesummenhang posts

Zu Rodange gëtt de Bau vun engem Jugend- a Familljenhotel geplangt. Dëse Projet stéisst op Widderstand vu Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng, well
D’Office Sociaux’en hei am Land leeschten ee wichtegen Déngscht, fir deene Leit, déi et hei am Land finanziell net iwwert Ronne packen, ënnert d’Äerm
An mindestens engem Foyer fir Leit déi op Lëtzebuerg geflücht sinn elo am Wanter Zoustänn, déi esou fir Kanner an och Erwuessener net gutt