Einfachen Accès zu Kriibsmedikamenter: Asaz vu TRODELVY

Trodelvy ass ee Medikament wat bei Kriibspatienten agesat gëtt. Eisen Informatiounen no, ass et ee Medikament wat hei zu Lëtzebuerg enregistréiert ass an och schonn hei agesat gouf, wou een awer muss eng extra Demande areechen, fir et kënnen unzewenden.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch bestätegen, dass Trodelvy zu Lëtzebuerg schonn zum Asaz koum?

  2. Kann d’Ministesch erklären, wat fir Schrëtt ee Patient respektiv säin Dokter muss huelen, fir den Traitement mat dësem Medikament kënnen ze kréien?

  3. Kann d’Ministesch erkläre firwat dës Schrëtt musse geholl ginn, ier en Traitement ka gestart ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6733

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen