Eidele Séi zu Weiswampech

De Weekend si Fotoen op de soziale Meiden zirkuléiert, déi weisen, wéi de Fëscherséi zu Wäiswampech eidel gelaf ass. An engem Tageblatt-Artikel vun haut erkläert de Buergermeeschter vun der Gemeng Wäiswampech, datt eng vun de Schleisen defekt wär an d’Waasser weiderhin géing auslafen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Ministesch fir Ëmwelt a Kenntnis dovunner, datt besotene Séi zu Wäiswampech eidel gelaf ass? Wann jo, zënter wéini? 

  2. Kann d’Ministesch erklären, firwat de Séi eidel lafe gelooss ginn ass a wien dofir responsabel ass? 

  3. Wien ass responsabel fir d’Instandhaltung vun de Schleisen?

  4. Kann zum aktuellen Zäitpunkt schonns evaluéiert ginn, zu wéi engen Ëmweltschied an/oder Biodiversitéitsverloschter et koum? 

  5. Wien wäert dofir opkommen, fir de Biotop erëm beschtméiglech a säin natierlechen Zoustand zeréckzesetzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2868

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen