Eidel Impfzenteren

Wärend dem Héichpunkt vun der Covid-Pandemien sinn an den Impfzentren zu Lëtzebuerg dausende Persounen pro Dag geimpft ginn. D’Hale ware voll an d’medezinescht Personal op der Plaz war ausgelaascht. Haut ass d’Situatioun eng aner: wien selwer rezent am Impfzentrum um Lampertsbierg war, dee war erstaunt doriwwer, dass zu ville Momenter méi Personal ewéi Patienten an der Hal uwiesend waren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persounen hu sech an deene leschten 12 Méint (opgeschlësselt pro Mount) an deene verschiddenen Impfzentren hei am Land impfe gelooss?

  2. Wéi vill Personal war am Duerchschnëtt iwwert déi eenzel Méint an den Impfzentren opgestallt?

  3. Wéi eng lafend Käschten bréngt een Impfzentrum pro Mount mat sech (Personal an Energiekäschte mat abegraff)?

  4. Wéi eng Indicateure berécksiichtegt d’Ministesch fir een Impfzenter zou ze maachen an d’Impfung op anere Plazen dezentraliséiert unzebidden?

  5. Wéi schnell wier een Impfzenter am Fall vun enger weiderer Covid-Well erëm asazbereet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7426

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt