ACCOUNT

Absurd Slot-Reegelen & eidel fléiend Fliigeren

D’RTBF huet an der Belsch doriwwer bericht, dass verschidde gréisser Airlines massiv eidel Fligere fléie loossen, just nëmme fir dierfen d’Slots op de Fluchhäfen ze behalen.
“”Le groupe Lufthansa Groep, dont fait partie Brussels Airlines, va annuler d’ici fin mars 33.000 vols prévus, en raison d’une chute des réservations causée par le variant Omicron du Covid-19. Ces annulations auraient pu être plus conséquentes encore, mais pour conserver les droits de décollage et d’atterrissage, pas moins de 18.000 vols non nécessaires devront bien être assurés cet hiver, dont 3000 par Brussels Airlines. Avant la pandémie de coronavirus, la règle était que les compagnies aériennes assurent au moins 80% de leurs créneaux, sans quoi elles risquaient de perdre ces “slots”. Désormais la proportion a déjà été revue à la baisse, à 50%, mais cela reste trop haut par rapport au volume de réservations.””

D’Mobilitéitsministesch vun der federaler Regierung an der Belsch huet doropshin ee Bréif un d’EU-Kommissioun geschriwwen, fir d’Problematik vun dëser Ressourceverschwendung ze thematiséieren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert de Mobilitéitsminister de belsche Virstouss ënnerstëtzen?

  2. Wéi vill Passagéierflich verkéieren all Joer (opgelëscht no Joer; zënter 2018) um Findel mat enger Auslaaschtung vu manner wéi 25% a wéi vill si ganz ouni Passagéier geflunn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5478

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Aarbechtssichender, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, an déi de Statut vun engem Travailleur handicapé hunn, kënnen an
D’Gesetz vum 14te Juli 2015 reglementéiert den Accès zum Beruff vum Psychotherapeut. Et kann een ee Master an der klinescher Psychologie hunn, aner Diplomer
An hirer Äntwert op meng Question parlementaire n°7357 huet d’Ministesch geschriwwen, dass zum deemolegen Zäitpunkt insgesamt 388 Kanner a Jugendlecher duerch d’Geriichtsuerteeler vun deenen