Den Office national de l’accueil (ONA) greift op privat Transportentreprisen zeréck, fir Asyldemandeurs d’asyle a BPIen hei am Land tëschent de Flüchtlingsfoyeren, Geriichter a Verwaltungen ze transportéieren. Den ONA huet d’Petitiounskommissioun informéiert, dass et heizou eng ëffentlech Ausschreiwung (Marché public) gouf mam Numm « Service de transport professionnel de personnes par route pour le compte de l’Office national de l’accueil ».
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Ënnert wéi enge(n) Referenznummer(en) ass dës Ausschreiwung um Portail vun de Marché publics ze fannen?
-
Wéi eng Firma/Firmen kruten den ëffentlechen Optrag?
-
Wat ass de Budget vun dëser Ausschreiwung?
QP Nummer 3596
*Bild gouf ma KI erstallt.