Eemoleg Energieprimm fir déi Leit, déi se ELO brauchen

Eis Propose fir d’Ausbezuele vun enger eemolëger Energieprimm gouf vun de Majoritéitsparteien ofgeleehnt.

Text vun eiser Motioun:

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Opgrond vum aktuelle geopolitesche Kontext sinn d’Präisser fir fossil Energien hei am Land an d’Luucht geschoss a vill Mënschen hei am Land kréien de Problem, dass si hier Gas- oder Masuttrechnungen net méi bezuele kënnen;
  • Fir der Hausse vun den Energiepräisser entgéint ze wierken, huet d’Regierung deklaréiert, dass eng Energieprimm an Héicht vun 200 bis 400 Euro agefouert gëtt, jee no Gréisst an Akommes vum Haushalt;
  • D’Allocation de vie chère gëtt nëmmen ee Mol am Joer ausbezuelt, mee d’Leit brauchen d’Suen elo wann hier Rechnunge kommen;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. all Haushalt, deen net eligibel ass fir d’Energieprimm ze kréien a manner wéi 1,5 Mol de Median-Akommes pro Mount verdingt, eng eemoleg Energie-Primm an Héicht vun 100 Euro auszebezuelen.
  2. dës Primm duerch de Surplus u Recetten ze finanzéieren, déi de Staat duerch d’Hausse un den Energiepräisser gewonnen huet.
  3. d’Primm elo direkt am Abrëll auszebezuelen.

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen