Ee propperen ëffentlechen Transport ?

D’Coronapandemie huet eis an der Gesellschaft villes iwwer Gestë bäibruecht, déi jiddereen ënnerhuele kann, fir Infektiounskrankheeten auszebremsen. Ee wichtegen Aspekt dovunner ass sécherlech d’reegelméissegt Botzen an Desinfizéieren. Wärend der Covid-Pandemie konnt ee feststellen, dass d’Busser an d’Zich am ëffentlechen Transport ronderëm d’Auer propper waren an dass permanent d’Disponibilitéit vun Desinfizéierungsmëttel garantéiert war. Dat war virun der Coronapandemie net ëmmer de Fall an ass och haut, wann een a verschidden Zuch- oder Buslinnen ënnerwee ass, net méi de Fall. 

An den Äntwerten op déi parlamentaresch Froen n°2083 an 2285 hat de Mobilitéitsminister Auskonft doriwwer ginn, wéi Desinfizéierung vum Fuermaterial am ëffentlechen Transport säit dem Ausbroch vun der Coronapandemie assuréiert gëtt a wat dat zousätzlech géif kaschten.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Op d’Joren 2019 bis 2023 gekuckt, opgelëscht no Joer, wéi vill Sue ginn all Joer fir d’Botze vun den Zich a Busser bei den CFL ausginn?

  2. Wéi oft ginn d’Sëtzplazen am ëffentlechen Transport, bei Bus an Zuch, pro Woch gebotzt an eventuell och desinfizéiert?

  3. Wéi vill Aarbechtsopwand- a stonne brauch et am Duerchschnëtt fir ee Bus oder ee Waggon bei den CFL ze botzen?

  4. Wéi eng intern Servicer an extern Sociéitéiten këmmeren sech bei den CFL dorëms, dass d’Propretéit am Bus oder Wagon garantéiert ass? Wéi vill Persounen sinn hei, opgedeelt no CFL-intern an externe Sociétéiten, aktiv?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 14

Zesummenhang posts

Digital Plattforme wou een eng Wunnecht fir d’Vakanz loune kann, sinn an de leschte 5 Joer exponentiell gewuess. Besonnesch Plattforme wou privat Leit ouni
Elteren, déi hier Kanner an eng Crèche oder Maison Relais ginn, kréien eng finanziell Ënnerstëtzung vum Staat iwwert de Chèque-Service d’Accueil (CSA). Wien säi