Ee Joer no der Reform vum Adapto – Wéi gesinn d’Zuelen aus?

Virun engem Joer gouf de Spezialtransport Adapto reforméiert. Mat der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport ass och dëse Service gratis ginn, mee d’Regierung huet Zesumme mat der Upassung vum Präis och Ännerungen un de Krittäre fir d’Eligibilitéit, fir eng Adaptos-Kart ze kréien, gemaach, wat dozou gefouert huet, dass eng Réi Persounen, déi virun der Reform vum Adapto profitéiere konnten, dëst no der Reform net méi kënnen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. An der Äntwert op d’parlamentarescher Fro N°2552 vum 16. Juli 2020 sot de Minister, dass zu deem Zäitpunkt 5.585 nei Demanden fir eng Adaptos-Kart era komm waren an 4.473 dovun eng Kart accordéiert kritt hunn.
    Wéi vill Demandë si säit der Aféierung vum neie Formular am Januar 2020 bis Mäerz 2021 agaangen?
    A wéi ville Fäll dovu gouf eng Kart accordéiert?

  2. Wéi vill Persounen, déi virun der Reform eng Kart haten an och eng Demande fir eng nei Kart agereecht hunn, kruten no der Reform keng Kart méi accordéiert? 

  3. Op wéi vill Euro huet de Ministère d’Käschte geschätzt, déi zousätzlech verursaacht gi wären, wann jiddereen, dee virun der Reform eng Adaptos-Kart hat, och no der Reform nees eng kritt hätt?

  4. Persounen, déi den Adapto ufroen, fillen sech net fäeg vum ëffentlechen Transport ze profitéieren oder selwer en Auto ze fueren. Et ass dofir net unzehuelen, dass Leit, déi e Refus fir eng Adaptos-Kart kréien, doropshin awer den normale Bus, den Zuch oder den eegenen Auto huelen.
    Wat mëscht de Ministère fir Persounen, déi keng Kart accordéiert kréien, ze hëllefen, mobil ze bleiwen – ganz besonnesch an deene Fäll, an deenen et sech ëm Persounen handelt, déi virun der Reform nach op den Adapto ziele konnten?

Fro n°3876

Zesummenhang posts

D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun
Wärend der Covid-19-Pandemie huet een erausfonnt, dass ee vill Zäit a Ressourcë ka spueren, andeems ee Reuniounen iwwert Videokonferenz ofhält. Esou goufe wärend der
An der Press gouf bericht, datt den US-amerikaneschen Entreprise SpaceX en Accord mat der indescher Firma vum Milliardär Mukesh Ambani ënnerschriwwen huet, fir de