Deprecated: Use of "self" in callables is deprecated in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/a2-optimized-wp/core/A2_Optimized_CacheEngine.php on line 119
EduPole Walfer – Wéi eng sanitär Mesure goufe geholl? – PIRATEN
Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

EduPole Walfer – Wéi eng sanitär Mesure goufe geholl?

De sougenannten EduPôle (Pôle Ressources de l’Éducation Nationale) regroupéiert zu Walfer eng ganz Rei Ariichtungen aus dem Domaine vum Enseignement op engem Campus. 

Grad vun Enseignanten aus dem Fondamental gëtt de Site heefeg besicht, well hei villfälteg Formatioune vum IFEN (Institut de formation de l’éducation nationale) ugebuede ginn. Nodeems dës Formatiounen am Ufank vun der Covid-19 Pandemie zäitweileg just an digitaler Form ugebuede goufen, sinn d’Weiderbildunge säit geraumer Zäit nees en présentiel. 

Un de Weiderbildungen huelen deemno Enseignanten aus verschiddenste Gebaier a Klassen deel, déi all Dag a Kontakt mat jonke Kanner sinn, déi nach net géint de Covid geimpft konnte ginn. Dofir ass et wichteg ze verhënneren, dass duerch d’Formatiounen Infektiounsketten entstinn, wou Enseignanten aus engem Gebai de Virus matbréngen a wärend der Weiderbildung aner Enseignanten ustiechen, déi de Virus dann an hiert Gebai mat weider huelen. Dofir gouf rezent entscheet, dass d’Formatiounen elo sollen ënnert dem Covid-Check-Regime ofgehale ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass bekannt, ob et um EduPôle schonn zu gréisseren Infektiounsketten oder enger erhéichter Unzuel un Infektioune bei Persounen, déi de Site besicht haten, koum?
    Gouf de Covid-Check agefouert, well et zu enger erhéichter Unzuel un Infektioune komm war?

  2. Goufen iwwert de Covid-Check eraus Precautioune geholl, fir Covid-19-Infektiounen ze vermeiden?

  3. Wéi eng sanitär Mesuren ware virun der Aféierung vum Covid-Check um IFEN, bzw. um EduPôle en place?

  4. Ass de Minister der Meenung, dass am Kontext vun den aktuellen Covid-19-Infektiounszuelen soll um Presenzunterrecht um IFEN festgehale ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5198

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll