Ecobox – Revenues

An engem Artikel vum Lëtzebuerger Wort vum 7. Juni 2021 goufen Zuelen iwwert Recetten vum Projet Ecobox vun der SuperDrécksKëscht verëffentlecht.
D’SuperDrécksKëscht gëtt bekannterweis vun enger privatrechtlecher Firma exploitéiert.
D’Recetten déi an deem Artikel genannt ginn decken sech awer weder mat der genannter Unzuel vun Ecoboxen am Ëmlaf, nach mat engem realisteschen Taux vu sougenanntem “Pfandschlupf”. Falls 76.011 Behälter am Ëmlaf wieren, missten 380.055 EUR Pfand ageholl gi sinn. Den Artikel schwätzt awer vu Recetten vun 337.554,47 EUR.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Aus wat setzen sech déi genannten Recetten zesummen?

  2. Wien profitéiert vun dëse Recetten?

  3. Wéi een Taux vu “Pfandschlupf” gett beim System “Ecobox” ugeholl?

  4. Op wéi enge Konten ginn d’Suen déi aus dem Pfand entstinn blockéiert? Sinn dat déi vum Trésor oder vun enger privater Firma?

  5. Ass garantéiert, datt d’Suen aus dem Pfand just fir unhuelen an ausbezuele vum Pfand benotzt ginn an net an déi normal Trésorerie vun der SuperDrécksKëscht fléissen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4451

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt