Et ass eng Normalitéit, dass zu Lëtzebuerg zu de Spëtzestonnen d’Autobunnen saturéiert sinn, grad a Proximitéit vun der Stad. Ee klassescht Beispill ass den Echangeur um Enn vun der A7, fir op de Kierchbierg ze kommen. Hei staut et bal all gudden Dag mueres an et ass ee riesegen alldeeglegen Zäitverloscht, fir déi Mënschen, déi den Individualverkéier notzen.
Vill Leit béien moies Richtung Kierchbierg an a Richtung A1 Rondpoint Iergäärtchen of, wärend manner Persounen a Richtung Sennengerbierg/Tréier ofbéien. Op dëser Plaz existéiert ee strukturelle Problem, well op der Bréck vun der A7 nach zwou Fuerspueren no riets féieren, mee dës Spueren sech duerno an eng Spuer Richtung Autobunn an eng Richtung Kierchbierg opdeelen.
Op der Bréck vun der A7 leeft dee meeschten Traffic – also op der rietser a mëttlerer Spuer. Doduerch, dass déi lénk Spuer manner genotzt gëtt, profitéiere verschidde Leit vun der lénker Spuer, fir sech ganz zum Schluss nach virzedrécken, wat zu weidere Ralentissementer féiert.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi eng alternativ Stroosseféierung kéint op dëser Plaz um Echangeur zum Asaz kommen, fir d’Virkomme vu Virdrängler ze reduzéieren?
-
Wier et eng méiglech Alternativ d’Spueren op dëser Plaz wéi um Bild an der Annexe anzezeechnen?
QP Nummer 7642