Déifställ vun E-Autoen

No engem Artikel vun der Auto-Bild vum 4ten Oktober 2024, deen sech op Donnéeën aus den USA stëtzt, géifen Elektroautoe vill manner geklaut ginn ewéi aner Autoen. D’Grënn dofir wiere villschichteg. Nieft den Technologien, déi der Iwwerwaachung vum Gefier déngen oder den digitale Schlësselen um Smartphone, spillt et wuel och eng Roll, dass dës Gefierer oft fir d’Lueden a Garagen ofgestallt sinn. Et ass natierlech och esou, dass aktuell manner E-Autoen op de Stroossen ënnerwee sinn, wéi Verbrenner.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Tendenz, dass manner E-Autoe geklaut ginn, och zu Lëtzebuerg erkennbar?

  2. Wéi vill Autoe sinn hei am Land immatrikuléiert gewiescht (Gesamtzuel), opgelëscht op d’Joren 2018 bis 2024 a wéi vill dovunner ware reng Elektroautoen?

  3. Wéi vill Autoen sinn tëschent 2018 an 2024 geklaut ginn, opgeschlësselt pro Joer, a wéi vill E-Autoe waren hei drënner?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1983

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt