E-Autoen bei der Regierung – Nofro

An der Äntwert op meng Froen, schreiwen d’Regierungsmemberen, dass si vun de Virdeeler vun den Elektroautoen iwwerzeegt sinn (QP n°2459). Et fält awer op, dass zënter dem Amtsuntrëtt vun der CSV-DP-Regierung net méi Elektroautoen am Fuerpark vun de Ministeren ze fanne sinn a si weider op Plug-In-Hybriden, also Verbrenner, setzen. D’Regierung erkläert dëst mat “operationellen a sécherheetstechnëschen Grënn”, déi et verhënnere géifen, op eng voll elektresch bedriwwene Fuerpark ëmzesteigen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill nei Plug-In Hybride a Verbrenner goufen zënter 2024 fir de Fuerpark vun der Regierung souwéi de Service de protection du gouvernement kaf? 

  2. Wéi eng operationell a sécherheetstechnesch Grënn verhënneren et, dass een op mannst den Undeel u rengen Elektroautoen am Fuerpark erhéicht?

  3. Wéi wëll d’Regierung de Bierger:innen d’Virdeeler vun der Elektromobilitéit am Alldag gleefhaft maachen, wann am Fuerpark vun der Regierung grad mol 4 E-Autoen genotzt ginn? 

  4. Firwat ënnerstëtzt d’Regierung d’Verbrennerverbuet, wann ee selwer zougëtt, dass den Elektroauto net ka fir all Gebrauch genotzt ginn? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2643

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt