E schéinen an eegebestëmmten Liewensowend fir jiddereen

E kuerze Réckbléck wéi dëse Programmdeel entstanenen ass :

Mir hunn vill Zäit mat eeleren Léit verbruecht,sinn mat hinnen spadséieren gaangen, hunn mat hinnen gepotert a vir un allem nogelauschtert.

Mir wollten vun hinnen wëssen wéi si sech hiren Liewensowend virstellen an net hinnen verkafen wat mir mengen dat gutt fir si wär.

Dobäi ass en Thema ëmmer erëmkomm : selbstbestëmmt Liewen.

Och am Alter nach däerfen selwer ze bestëmmen, wéi a wou een wëllt liewen.

Eise Programm, oder besser gesot hiren Programm, soll dëst erméiglechen.
Dofir fuerderen mir mat hinnen :

E schéinen an eegebestëmmten Liewensowend fir jiddereen.

Dozou gehéieren :

Méi  Altersheemer an Strukturen fir betreit Wunnen

Keng Generatioun dierf vergiess ginn, kee soll aus sengem bekannten Ëmfeld gerappt ginn an et däerf net sinn dat Mënschen am Alter net wëssen wouhin.

Mir setzen eis dofir an dat jiddereen am Alter e passenden Ënnerdaach an déi néideg Betreiung kritt. Dofir mussen méi an besser Strukturen fir Senioren gebaut ginn an dat néidegt Fleegepersonal ausgebilt ginn.

Mir soen Neen zur Altersaarmut an dat an 3 Schrëtt :

Upassung vun der Mindestrent

D’Mindestrent muss un déi aktuell Wirtschaftssituatioun ugepasst ginn. Domat gëtt verhënnert dat Mënschen déi hiert Liewe laang zum Wuel vum Land bäigedroen hunn an d’Aarmut ofrëtschen an op der Strooss landen.

2° Steierklass 2 fir jiddereen

Witfraen a -männer sollen net no 3 Joer duerch eng Zréckstufung an eng aner Steierklass bestrooft ginn. Dofir fuerderen mir eng eenzeg Steierklass fir jiddereen.

3° Gläichstellung vun de Partner aus enger Liewensgemeinschaft bei der Rent.

Déi sougenannte Witwerent ( pension de survie ) soll gläichgestallt gi mat der normaler Rent an net reduzéiert ginn, wann de Partner stierft, den dofir abezuelt huet. De Partner, dee manner oder guer net cotiséiert huet, awer dofir sengem schaffende Partner ëmmer de Réck fräigehalen huet, an esou oft méi Stonnen am Haushalt a fir d‘Famill geschafft huet, soll am Alter net dofir bestrooft ginn. Am Zäitalter vun der Gläichberechtegung däerf a kann et net sinn dat d‘Partner aus enger Liewensgemeinschaft ongläich behandelt ginn.

 

Dëst alles erfuerdert a ville Beräicher en Ëmdenken a stellt eis all vir eng grouss Erausfuerderung.
Eng Erausfuerderung där mir PIRATEN eis gären stellen,
wëll mir der Iwwerzeegung sinn, dat eis Senioren , also och eis Elteren a Grousselteren,
sech dat, duerch hiren liewenslaange Bäitrag zum Wuel vum Land, verdéngt hunn.

 

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene