E lëtzebuergesche Metaverse?

Eng lëtzebuerger Agence fir VR an AR Experienze baut de „Megaverse“, eng digital Plattform, déi d’Iddi vun engem virtuelle Lëtzebuerg a Form vun engem „Metaverse“ well ëmsetzen. Nieft verschidden aner Entreprisë fannen sech e.a. d’CFL, d’Post, awer och Luxinnovation, de CTIE, myGuichet an eSanté an dësem Projet erëm, iwwer einfach Bannièrë bis hin zu virtuelle „Guicheten“.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng staatlech Entitéiten oder Firmen, wou de Staat Parte besetzt, sinn un dësem Projet bedeelegt oder hunn eng Presenz an dëser Versioun vum Metaverse?

  2. Wéi vill hunn Entitéiten oder Firmen, wou de Staat Parte besetzt, säit dem Start vum Projet, fir Presenzen an dësem, oder anere “Metaversen“ ausginn (opgeschlësselt no Joer, Projet a staatlecher Entitéit oder Firma, wou de Staat Parte besetzt)?

  3. Wéi eng Mesurë sinn en Place gesat ginn, fir den Impakt vun dëse Presenzen ze moossen, z. B. d’Unzuel u Visitte pro Mount oder d’Unzuel vun den Interaktiounen an dëse virtuelle Guicheten?

  4. Wéi vill Visiteuren haten déi verschidde staatlech Entitéit oder Firmen, wou de Staat Parte besetzt, an dësem Metaverse, säit dem Start vun de Projeten, opgeschlësselt no Mount?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8286

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt