E Fall fir den Deontologieskodex – Nofro

An der parlamentarescher Fro N°6267 hunn ech de Minister gefrot, ob de Minister der Meenung wier, dass dee vun 100,7 beschriwwene Fall, wou e Mataarbechter vun RSS-Hydro no ëffentlecher Kritik u Regierungshandlunge gekënnegt kritt huet, misst mat Bléck op den Deontologieskodex iwwerpréift ginn, sollt sech erausstellen, dass ënnert de politesche Vertrieder, déi Drock op den Employé an d’Firma ausgeüübt hunn, och Regierungsmembere waren. De Minister huet geäntwert, dass kee Regierungsmember Drock ausgeüübt hätt. D’Fro, ob d’Ausübe vun Drock e Fall fir den Deontologieskodex wier a wéi eng Konsequenzen et hätt, sollt sech awer erausstellen, dass Drock säitens der Regierung ausgeüübt gi wier, ass esou net beäntwert ginn.  Weider ass net kloer, ob héich Beamten, déi nom Arrêté royal-grand-ducal vum 9te Juli 1857 iwwert d’Organisatioun vun der groussherzoglecher Regierung der Regierung rattachéiert ginn, hei eventuell involvéiert waren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass de Minister der Meenung, dass dee vun 100,7 beschriwwene Fall misst mat Bléck op den Deontologieskodex iwwerpréift ginn, sollt sech erausstellen, dass ënnert de politesche Vertrieder, déi Drock op den Employé an d’Firma ausgeüübt hunn, och Regierungsmemberen oder héich Beamten waren? Deckt den Deontologieskodex esou Situatiounen of?

  2. Mat wéi enge Konsequenze misst an deem Fall gerechent ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6299

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt