E Carnet Radiologique fir all Patient?

Eng Rei vu medezineschen Exame si fir de Patient mat enger erhéichter Stralebelaaschtung verbonnen a sollten dofir net zwecklos zum Asaz kommen. De Projet CARA (Carnet Radiologique) bzw. den CRE (Carnet Radiologique Electronique) soll et an dësem Kontext erméiglechen an engem zentralen Dossier d’Resultater vu sämtleche radiologeschen Analyse vun engem Patient ze späicheren, fir ze verhënneren, datt et zu onnéidege Radiatioune keim, well déi eenzel involvéiert Dokteren net iwwert d’Prescriptiounen an d’Resultater vun hiren Aarbechtskollege Bescheed wéissten. Gläichzäiteg kann esou ee Carnet sécherstellen, dass kee Patient enger ze héijer Stralebelaaschtung ausgesat gëtt, well d’Oplëschtung vun den Analysen et den Dokteren erlaabt, ze iwwerwaachen, dass den annuelle Grenzwäert net iwwerschratt gëtt.

An deem Zesummenhang hunn d’Piraten dem Gesondheetsminister dës Froe gestallt:

  • Kéint de Minister kuerz beschreiwen, op wéi engem Stand d’Aarbechten um Carnet Radiologique aktuell sinn?
  • Wéi eng spezifesch Informatioune ginn am Carnet Radiologique festgehalen?
  • Wéi vill Persoune besetzen aktuell schonns e Carnet Radiologique? 
  • Ass domat ze rechnen, dass de Carnet Radiologique bis zum Ënn vun dëser Legislaturperiod wäert flächendeckend Uwendung am Land fannen?
    Falls nee: Wisou net?
  • Wéi garantéiert de Gesondheetsministère, dass dat betraffent Personal an engem Spidol iwwert déi spezifesch Stralebelaaschtung, déi mat verschiddenen Analyse verbonne ass, informéiert ass?
  • Wéi garantéiert de Gesondheetsministère, dass de Patient iwwert déi spezifesch Stralebelaaschtung, déi mat verschiddenen Analyse verbonnen ass, informéiert gëtt?
    Gëtt et zum aktuellen Zäitpunkt eng Broschür, an där d’Patienten detailléiert Informatiounen iwwert d’Héicht vun der Stralebelaaschtung vu verschiddene medezineschen Examen noliese kënnen?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene