D’Wunnengskris 2.0 an eng Wunnengsopportunitéit verwandelen

Context:

Interpellation n°3075: Perspectives de développement de l’économie luxembourgeoise

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Déi europäesch Zentralbank huet bannent engem Joer de Leetzëns vun 0% op 3,5% erhéicht, wat  d’Käschte vun neie souwéi bestoende Prête mat variabelem Zëns méi deier mécht a déi finanziell Situatioun vu ville Leit direkt belaascht;
  • Gläichzäiteg hu mer zu Lëtzebuerg eng Wunnengskris, well ee groussen Deel vun de Leit duerch déi héich Präiserhéijungen um Wunnmarché aus de leschte Jore keng Chance méi op eng eege Wunneng um Privatmarché hunn an och déi ëffentlech Acteuren an de leschte Joerzéngten net genuch Wunnunitéite gebaut hunn, fir d’Leit opzefänken;
  • D’Präiserhéijung vun den Zënsen op den Immobiliëprête souwéi de Baumaterialie bewierkt, dass nach manner Leit ee Prêt ophuele kënnen an deementspriechend gëtt manner gebaut. D’Zuele beim STATEC weisen eng Reduktioun vun ausgedeelte Baugeneemegungen an d’Bicher vun de Commandë vun de Firme ginn ëmmer méi eidel. De Wunnmarché ass deemno an enger duebeler Kris: et sinn net genuch Wunnengen an d’Tendenz weist, datt de Privatmarché dëst Joer nach manner Wunnenge wäert bauen; 
  • De Staat muss elo agräifen, fir d’Bau-Aktivitéit stabil ze halen a sollt d’Situatioun notzen, fir elo massiv Wunnengen opzekafen, fir dës zu sozialen Zwecker an erschwéngleche Präisser (zum Beispill 10€/m2) deene Leit unzebidden, déi guer keng Chance um private Wunnmarché hunn;
  • Am Pensiounsfong leie ronn 26 Milliarden Euro, déi zum Deel fir Investitiounen a sozial an erschwénglech Wunnenge genotzt kënne ginn;
  • De Pensiounsfong huet et net gepackt an deene leschte Joren, fir déi selwer virgeschriwwe 5% vu sengem Aktiv an Immobilien hei zu Lëtzebuerg z’investéieren.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. Den Undeel deen de Pensiounsfong an den nationalen Wunnengsmarché investéiert, z’erhéijen an komplett ze notzen, fir esou selwer massiv Wunnengen ze bauen an dësen Investment duerch fix Hypothéikeprêten erëm an de Pensiounsfong zeréckfléissen ze loossen.
  2. Bis Juni 2023 zousätzlech finanziell Mëttelen opzedreiwen a wann néideg eng Staatsobligatioun opzestelle mam Zil, fir an deene nächste Méint de Fonds spécial de soutien au développement du logement souwéi déi ëffentlech Promoteuren (SNHBM a Fonds du Logement) mat méi Mëttelen auszestatten, fir esou massiv kënnen um Wunnmarché z’intervenéieren an dës Wunnengskris an eng Wunnengs-Opportunitéit fir de Staat ze verwandelen.

D’Motioun gouf vun CSV, DP, LSAP, Adr an déi Gréng am Parlament ofgeleent.

Zesummenhang posts

J’ai 27 ans, je suis mère et pédagogue sociale de formation. J’habite depuis plus de 14 ans dans la commune et c‘est avec fierté