Durée vun Placement provisoire vu Kanner a Jugendlechen

Et gi leider Situatiounen, an deenen e Kand aus senger Famill muss geholl ginn an  zu sengem eegene Schutz an engem Foyer oder an enger Fleegefamill placéiert gëtt. Dobäi soll et sech an enger éischter Instanz ëm e sougenannte Placement provisoire, also ëm ee provisoreschen an zäitlech begrenzte Placement, handelen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat ass d’Durée moyenne vun de Placements provisoires an deene leschten 12 Joer gewiescht?

  2. Wat ass d’Durée médiane vun esou Placements provisoires an deene leschten 12 Joer gewiescht?

  3. Wat war zënter 2010 déi bis elo längsten Zäit vun engem Placement provisoire?

  4. Wéi hunn dës Zuelen zënter 2010 evoluéiert a wéi ass dës Evolutioun ze erklären?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7367

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene