Duerchschnëttskrankeschäin Dauer

D’CNS huet am Joer 2022 ronn 1’037’000 Krankeschäiner traitéiert. Dat ass ee Plus vun 30% par Rapport zu 2021. Dës Zuel setzt sech aus den Accidents de travail, de Krankeschäiner wéinst Krankheet an de Krankeschäiner wéinst Covid-19 zesummen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi laang war den Duerchschnëttskrankeschäin an de leschte 6 Joer, opgelëscht pro Joer? (Eng Kéier jeeweils op Maladie, Maladie Covid-19 an Accident de travail opgedeelt an eng Kéier zesumme gezielt) ?

  2. Wéi laang war den Duerchschnëttskrankeschäin an den éischte 6 Méint 2023? (Eng Kéier jeeweils op Maladie, Maladie Covid-19 an Accident de travail opgedeelt an eng Kéier zesumme gezielt)

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8308

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt