Dubiéis Schoulmaterialien aus dem Internet

Am Internet kënnen Enseignanten, déi hier Schoulstonne virbereede wëllen, eng ganz Rëtsch Ureegungen an och souguer ganz fäerdeg opgebaute Coure fannen. Net ëmmer goufen déi proposéiert Coursen awer vu Pedagogen ausgeschafft an och net all déi proposéiert Inhalter si konform mam Plan d’Etude. Eng eegestänneg inhaltlech Evaluatioun an eng Qualitéitskontroll duerch d’Enseignanten ass soumat onerlässlech – virun allem, well och politesch a reliéis motivéiert Schoulmaterialien, déi keng objektiv Fakten erëmspigelen a soumat näischt an enger Schoul verluer hunn, am Internet kurséiere kënnen. An de soziale Medie circuléieren an deem Kontext zur Zäit Bäiträg vun Elteren aus Däitschland, déi schockéiert sinn iwwert d’Inhalter, déi hire Kanner am Sexualkunde-Unterrecht bäibruecht goufen. Bericht gëtt hei vu Schoulmaterial, wat de Kanner eng extrem konservativ, kierperfeindlech an homophob Siicht op d’mënschlech Sexualitéit soll vermëttelt hunn, obwuel dës Inhalter esou net um Schoulprogramm stoungen. Esou Schoulmaterial gëtt z. B. vu staark konservative reliéise Gemeinschaften ausgeschafft a verdeelt an ass esou och zum Deel online fräi zougänglech fir jiddereen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et och zu Lëtzebuerg schonn zu Fäll wéi deem uewe genannte komm, wou Elteren sech doropshi beim Ministère beschwéiert hunn? Falls jo, wéi oft a wéi eng Suitten huet de Ministère dëse Fäll ginn?

  2. Ginn d’Problemer, déi mat Schoulmaterialien a Couren, déi online oder offline vu Vereenegunge mat politescher oder reliéiser Motivatioun ugebuede ginn, an der Ausbildung an an der Formation continue um IFEN thematiséiert? Wéi gëtt d’Léierpersonal hei sensibiliséiert?

  3. U wien sollte sech d’Eltere wenden, wa si d’Gefill hunn, dass hier Kanner Inhalter vermëttelt kréien, déi dem lëtzebuergesche Plan d’Etude net entspriechen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6446

Zesummenhang posts

A menge parlamentaresche Froe n°3813 an 3927 hat ech op d’Situatioun vun Déierenbesëtzer um Wunnmarché opmierksam gemaach, wou et virkënnt, dass Locatairen verbuede kréien,
Den 15ten Abrëll 2024 um 19 Auer zu Koplëscht am HQ an online.  Start : 19h00 ; Enn 21h00 Vun der Parteileedung ware präsent: Clement Sven