Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Dual Nationalitéit Lëtzebuerger

Ufanks vum 20te Joerhonnert si vill Lëtzebuerger wéinst der schwiereger wirtschaftlecher Situatioun hei am Land emigréiert. Dofir existéieren bis haut eng Rëtsch Communautéite mat lëtzebuergesche Wuerzelen am Ausland, esou z. B. an diverse Länner aus Europa, mee och an den USA oder a Brasilien. Et handelt sech heibäi ëm Lëtzebuerger, déi hiert Land verlooss hunn, ouni dobäi opzehalen Deel vun der Lëtzebuerger Kultur ze sinn.

No enger Ëmfro vu LuxCitizenship mat Amerikaner, déi Virfahren a Lëtzebuerg hunn an dofir d’Lëtzebuerger Nationalitéit ufroe kënnen (oder schonns ugefrot hunn), plangen 81% vun de Befroten iergendwann an hirem Liewen op Lëtzebuerg oder an d’EU ze plënneren an 22% hu konkret Pläng fir déi kommend 5 Joer.
D’Zuele weisen also, dass de Wonsch, zu Lëtzebuerg oder an Europa ze liewen, enk verbonnen ass, mat engem Unhuele vun der Nationalitéit. Fir vill Amerikaner ass et allerdéngs net einfach am Land vun hiren eemolege Virfahre Fouss ze faassen, well si no dräi oder méi Generatiounen, déi an den USA gelieft hunn, d’Lëtzebuerger Sprooch net méi beherrschen. Trotzdeem hunn 83,6% vun de Befroten uginn, si hätten Interessi drun, Lëtzebuergesch ze léieren.

Fir den Auslänner, déi d’Lëtzebuerger Nationalitéit unhuele wëllen, d’Léiere vun eiser Sprooch esou zougänglech wéi méiglech ze maachen, kënne verschidde Fraise rembourséiert ginn, wéi een op Guichet.lu noliese kann:
“Sur demande adressée au ministère de la Justice et sous certaines conditions, le candidat à la nationalité luxembourgeoise peut obtenir le remboursement des frais d’inscription liés :

• à la participation à l’examen d’évaluation de la langue luxembourgeoise (Sproochentest Lëtzebuergesch) ;
• aux cours  de langue luxembourgeoise, organisés par l’Institut national des langues ou par un autre prestataire dont le programme du cours est agréé par le ministère de l’Education nationale.”

Fir Persounen, déi am Ausland schonn d’Lëtzebuerger Nationalitéit unhuelen an dann eréischt op Lëtzebuerg kommen, (esou wéi dat z. B. bei Persoune mat Lëtzebuergesche Virfahren de Fall ass), ass et aktuell net méiglech Sproochecourse rembourséiert ze kréien, well si zu deem Zäitpunkt, wou si am Land ukommen, jo keen “candidat à la nationalité luxembourgeoise” méi sinn, mee e Lëtzebuerger Bierger.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Denkt d’Regierung driwwer no, d’Konditioune fir e Remboursement vu Sproochecoursen esou auszewäiten, dass Persounen och nach wärend enger gewësser Periode nodeems si d’Lëtzebuerger Nationalitéit ugefrot hunn, vun enger Ënnerstëtzung profitéiere kënnen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4268

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll