Tramsstreck oder Policekommissariat?

2018 gouf festgehalen, dass um Parking Aloyse Meyer soll ee Gebai fir d’Police- a Rettungsdéngschter vun Esch, Schëffleng a Monnerech opgeriicht ginn. Dëst sollt 2023/2024 ferdech gestallt ginn. Bis elo gouf awer net mat engem Bau ugefaangen. Bei der Presentatioun vum neien Deel vun der Tramsstreck vum Mobilitéitsminister gouf elo bekannt, dass dëse Parking, am Kader vun den Aarbechten um Tram gebraucht gëtt. Laut engem Artikel am Wort vum 28.01.2021, deelt de Bâtiments publics mat, „Auf diesem Gelände, über das in Zukunft auch die Trambahn fahren wird, sind die eventuellen Platzverhältnisse doch nicht optimal, sodass zusätzlich noch nach einem alternativen Standort gesucht wird für einen dieser Dienste.“

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat gouf d’Decisioun geholl, de Parking Aloyse Meyer fir d’Tramsstreck ze notzen? 

• War dës Decisioun mat de lokale Vertrieder an de Kommissariater vun Esch, Schëffleng a Monnerech ofgesprach? Goufen si consultéiert?

• Wéini gouf dës Decisioun getraff?

2.  Wann d’Tramsstreck elo wéi vum Minister ugekënnegt duerch de Parking Aloyse Meyer gebaut gëtt, wouhi gëtt dann dat geplangte Police- a Rettungsdénscht-Gebai verluecht? 

3.  Wann een néie Standuert fir dëst Gebai muss gesicht ginn, schéngt den Zäitplang vun 2023/2024 net méi realistesch. D’Gebai war awer schonn 2018 als néideg ugesi ginn. 

• Wou sollen déi betraffe Police a Rettungseenheete bis zum Bau vun engem néie Gebai ënnerbruecht ginn?

• A wéi engem Zoustand befannen sech déi momentan genotzte Gebailechkeeten?Entspriechen ze nach den haitegen Ufuerderungen?

• Kann de Minister garantéieren, dass d’Policebeamten an engem gudde Kader hier Aarbecht am aktuelle Kommissariat kënnen duerchféieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3543

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene